Skip to main content
Logo Fit Kanner Miersch

Wëllkomm bei Fit Kanner Miersch,

Fit Kanner Miersch offréiert Kanner vun 3 bis 12 Joer aus der Gemeng Miersch an Ëmgéigend en ofwiesslungsräiche Sportprogramm mam Ziel fir de Sport bei de Kanner ze promovéieren an hier Motorik ze verbesseren. Ob Schwammen, Danzen, Turnen, Airtramp oder Ballspiller, bei Fit Kanner Miersch ass fir jiddereen eppes dabei. Duerch reegelméisseg Coopératioune mat de lokale Sportveräiner hunn d'Kanner d'Méiglechkeet nei Sportaarte kennen ze léieren a fir sech ze entdecken.

Neiegkeeten

ASCHREIWUNG

Hei kënnt dir Iech als Elteren/Tuteur en Kont uleeën, wou dir är Kanner zu de verschiddene Couren an Aktivitéiten umelle kënnt.

1. Kont uleeën

Fir d' Umelldung esou einfach a séier ewéi méiglech ze maachen kënnt dir äre perséinlechen FKM-Kont uleeën. Dësst ass just eemol néideg. Duerno kënnt dir Iech mat ärem perséinleche Passwuert umellen, d' Kanner, déi dir wëllt an eng oder méi Aktivitéiten aschreiwen, bäisetzen an dann d' Aktivitéit wielen wou dir ärt Kand umelle wëllt.

An ärem "Mäi Kont Beräich" hudd dir och d' Iwwersiicht iwwert Umelldungen an eventuell Plazen op der Waardelëscht. 

2. Umellen

Wann dir schonn e Kont ugeluecht hutt, braucht dir Iech op der Säit <i> Aschreiwen/Umellen</i> just mat ärem Benotzernumm an ärem Passwuert (wat dir bäim uleeë vum Kont festgeluecht hutt) anzeginn.

Duerno kënnt dir an ärem personnaliséierte Beräich är Kanner an déi verschidde Coursen/Aktivitéiten umellen. 

3. Aert Kand / Aer Kanner an e Cours aschreiwen

Wann dir Iech ugemellt hutt, kënnt dir an der Iwwersiicht als éischt Kand auswielen dat dir wëllt aschreiwen an dann an der Lëscht donieft den Cours auswielen fir den äert Kand eligibel ass.

4. Bezuelen

De Montant den dir bezuele musst gesitt dir an ärer Iwwersiicht. Wann d' Cotisatioun bis gebucht ass, gëtt d' Umelldung validéiert.

Dir hudd e Kont


Dir hudd nach kee Kont